CIGL Schifflange

• Ënnerstëtzung vu Persounen op der Sich no enger Aarbecht. Den CIGL bitt Aarbechtsverträg op Zäit (tëscht 5 a 24 Méint), mat perséinlecher Begleedung a Formatiounen, déi un hir Besoinen ugepasst sinn.
• Ubidde vu Servicer fir Bierger·innen (ouni Altersgrenz), fir op Besoinen anzegoen, déi net vun aneren Acteure gedeckt ginn:
Proximitéitsservice: Gaardenaarbecht, kleng Reparaturen
Service Recyclage: Sammlung a Recyclage fir Privatleit an Entreprisen op Ufro
Service Hëllef fir Persounen: Botzen, Akaf, Begleedung, Fleeg vun der Wäsch
Bitzservice: Retouchen a Kreatiounen
Ëmweltservice: Fleeg vun ëffentleche Gréngflächen
SALARIÉEËN AN DER REINTEGRATIOUN
2018 | 2025 |
30 | 30 mat CDD |
INTERVENTIOUNE BEI PERSOUNEN
2018 | 2025 | |
6.008 | 7.243 | 47.712 geleeschten Aarbechtsstonnen |
GESAMMELT RECYCLÉIERBAR OFFÄLL
2014 | 2018 | 2024 |
352 t | 736 t | 416 t Pabeier a Glas |
Note: De Plastik gëtt net méi vum CIGL gesammelt.