Red Rock Skatepark
Et ass net nëmmen de gréisste betonéierte Skatepark an der Südregioun, mee en ass och de ganzen Dag an déi ganz Nuecht op! Am Summer ass de Park esouguer bis 22.00 Auer beliicht.
D’Bauaarbechten un dësem aussergewéinleche Skatepark goufen de 15. Mee 2009 vum däitsche Spezialist Matt Grabowski a senger Equipe « Minus-Ramps » ugefaangen. D’Membere vum Veräi Red Rocks asbl. ënnerhalen den 1.700 m2 Park, andeem een eng Onmass Module, wéi e Poolcoping Pool (30%) mat Clinton-Keith Sëtz an Trapen, eng grousse Streetarea (70%) mat Hubbas, Ledges, Schinne, Trapen, Liften, Extensiounen, Rainbowcurb, Corners, Jerseys, Curbs a Gabs fënnt.
Déi offiziell Aweiung vun dësem Projet, finanzéiert vun de Gemengen Esch-Uelzecht an der Gemeng Schëffleng, huet de 24. Oktober 2009 stattfonnt.

