Mikrobësch
De Mikrobësch virun Iech, am Quartier Op Hudelen, ass den Éischten zu Schëffleng. E gouf am November 2025 am Kader vum „Dag vum Bam“ no der Miyawaki-Method ugeluecht.
D’Miyawaki-Methode gouf vum Botaniker Akira Miyawaki ab de 60er Joren entwéckelt. D’Zil vun dëser Technik ass et, duerch d’Planze vu lokale, diversifizéierte Plantagen, natierlech, méischichteg, dicht a resilient Bëscher ze schafen – zéngmol méi séier wéi duerch déi ekologesch Successioun.
E Mikrobësch charakteriséiert sech duerch déi kleng Fläch déi néideg ass (100 m² ginn duer), duerch déi héich Planzdicht (2 bis 7 Beem/Straicher pro m², hei 3), wat zu enger intensiver Selektioun a staarkem Wuesstem féiert. Ee liichten Entretien ass an deenen éischten zwee bis dräi Joer néideg, fir d’Onkraut ronderëm d’Beem an d’Straicher ze kontrolléieren an, wann néideg, punktuell ze nätzen. Duerno geréiert de Bësch sech vum selwer.
D’Virdeeler vun engem Mikrobësch sinn déi follgend:
· D’Loft gëtt ofgekillt an hir Qualitéit verbessert;
· CO₂ gëtt ofgespäichert;
· Et entsti Biodiversitéitsinselen, souwuel fir Planze wéi och fir Déieren;
· D’Wuelbefanne gëtt gefërdert an de Stress reduzéiert;
· Ëmweltbildung an d’Entwécklung vun der Ëmweltbewosstsinn.



