Service BabyPLUS
Initiativ Liewensufank Asbl
Coordination du Service BabyPLUS à Schifflange
Schëffleng wëll eng Gemeng sinn, an där sech Famillje wuelfillen a bitt hinnen dowéinst eng fréi Ënnerstëtzung fir e gelongene Start an d’Familljeliewen.
De Service BabyPLUS ass eng wichteg Informatiouns- a Berodungsméiglechkeet fir Elteren ab der Schwangerschaft a fir frësch gebaken Elteren am éischte Liewensjoer vum Bëbee.
Falls Dir vun dëser gratis Offer profitéiere wëllt, kënnt Dir gäre mat eisem Service Kontakt ophuelen. Dir kënnt bis zum 12. Mount vun Ärem Bëbee bis 8 gratis Rendez-vouser an Usproch huelen, mat enger Beroderin vun der Initiativ Liewensufank. Si kënnt bei Iech Heem oder an e Raum vun der Gemeng an huet en oppent Ouer fir Är Froen an Onsécherheeten.
D‘Offere vum Service BabyPLUS sinn onverbindlech, Eltere kënne fräiwëlleg heivu gebrauch maachen.
Fir weider Informatiounen oder fir e Rendez-vous auszemaachen kënnt Dir dem Service entweder eng Noriicht um Repondeur hannerloossen, eng Mail schreiwen oder Iech online aschreiwen oder via de Formulaire aschreiwen. Eng zoustänneg Persoun vum Service kontaktéieren Iech esou séier wéi méiglech.

L’Initiativ Liewensufank est une association sans but lucratif qui a pour but d’améliorer les conditions autour de la naissance et de la parentalité et d’accompagner les jeunes parents avec des informations et consultations. Sur www.liewensufank.lu, vous trouverez toutes les informations sur l’association et les activités qu’elle propose.