Biopoubelle
Biopoubelle – Korrekt Aart a Weis den Tri ze maachen
D’Gemeng Schëffleng huet festgestallt, datt d’Bierger·inne Friemstoffer an hirer Biopoubelle hunn. Doropshi ginn d’Biopoubellen an den nächste Méint kontrolléiert an en neie Kaartesystem gëtt agefouert: gréng, giel a rout Kaart.
Kaartesystem
Eng GRÉNG Kaart fir d’Biopoubellen ouni Friemstoffer
Eng GIEL Kaart fir d’Biopoubellë mat wéineg Friemstoffer
Eng ROUT Kaart fir d’Biopoubellë mat ze vill Friemstoffer
D’Biopoubellen, déi eng ROUT Kaart kruten, ginn NET eidel gemaach. Déi concernéiert Stéit mussen d’Friemstoffer aus hirer Biopoubelle eraus huelen an d’Poubelle dann erëm bei der nächster Sammlung erausstellen.
Wat däerf an d’Biopoubelle a wat net. Klickt hei fir méi Infoen.
