13. Mee 2026

13.05 – Diversity Day

Den Diversity Day ass en nationalen Aktiounsdag, deen déi ënnerschiddlechst Acteuren dozou motivéiert, konkret Initiative fir méi Diversitéit an Inklusioun ze weisen. Zu Schëffleng, wou 104 Nationalitéiten zesummeliewen, ass dës Diversitéit e wichtege Bestanddeel vun eisem Zesummeliewen.

Dësen Dag erënnert eis all Joer drun, wéi wichteg et ass, d’Diversitéit an eiser Gesellschaft ze erkennen, ze respektéieren an ze feieren. Dës Vilfalt dréit dozou bäi, eis Gemeng dynamesch, oppen a lieweg ze gestalten.

D’Gemeng setzt sech dofir an, inklusiv Strukturen ze schafen, déi jidderengem Zougang, Méiglechkeeten an eng Stëmm ginn. Zesumme baue mir eng Gemeng, an där jiddwereen sech wuel a valoriséiert fillt.

Schrëftgréisst: 100 %