13. Mee 2026

17.05 – Flèche du Sud, adaptations de la circulation

De 17. Mee 2026 wäert déi 75. Editioun vun der Flèche du Sud duerch eis Gemeng fueren. Dëst wäert tëscht 12:00 a 18:00 Auer a follgende Stroossen zu Stéierungen am Verkéier suergen: Rue du Moulin, Rond-point Général Patton, Rue Denis Netgen, Rue du Canal, Rue de Noertzange a Rue de Kayl.

Dëse Streckenofschnëtt, vun Esch/Uelzecht a Richtung Käl, ass wärend der ganzer Dauer vun der Course als Sens unique ageriicht.

Bus (TICE & RGTR)

  • D’TICE-Busser fueren tëscht 10:50 an 19:00 Auer net duerch Schëffleng.

  • D’RGTR-Busser fueren deen Dag guer net duerch Schëffleng.

Mir soen Iech am Viraus Merci fir Äert Versteesdemech.

Programm vun der 5. Etapp
Verkéiersreglement of Franséisch

Schrëftgréisst: 100 %