25. Mee 2026
2.06.2026 – Coupe scolaire
En Dënschden, den 2. Juni 2026, fannen an de Stroosse vu Schëffleng déi praktesch Übunge vun der nationaler Coupe Scolaire fir jonk Vëlosfuerer·inne statt.
D’Schoulkanner aus dem Cycle 4 léieren hei wéi si sech richteg am Stroosseverkéier verhale sollen a wat fir Equipementer hire Vëlo brauch fir sécher ze fueren.
Mir bieden d’Automobilisten·innen an all aner Verkéiersdeelhueler besonnesch opzepassen.
