17. Jul 2026

21.07.2026 – Wichteg Aarbechten um Wärmenetz / Travaux importants sur le réseau de chaleur

Aarbechten um Heizreseau – Temporär Ënnerbriechung den 21. Juli 2026

En Dënschdeg, den 21. Juli 2026, ginn néideg Ënnerhalts- a Reparaturaarbechten um Heizreseau duerchgefouert. Op der Héicht vun 10, Rue du Parc gëtt eng Fuite gefléckt an zousätzlech e Schieber agebaut. Dëse wäert et an Zukunft erméiglechen, dësen Deel vum Reseau bei Aarbechten ze isoléieren, ouni dass de ganze Reseau muss ausgeschalt ginn.

Wéinst dësen Aarbechte gëtt et moies bis ongeféier Mëttes eng temporär Ënnerbriechung vun der Heizungs- a Waarmwaasserversuergung. D’Versuergung soll am Laf vum Nomëtteg nees normal funktionéieren.

Vun der Ënnerbriechung betraff sinn ënner anerem d’Residenzen Athos, Portos souwéi Aramis an der Rue de Drusenheim.

Wéinst den Aarbechten ass dee betraffenen Deel vun der Strooss vum 20. bis den 22. Juli 2026 gespaart.

Betraff sinn:

  • Centre Sportif (12A Rue du Parc)

  • Residence Chantal (4-6 rue de l’Église)

  • Residence Belair (18-22 rue Belair)

  • Residence Germaine (16 rue Basse)

  • CCAMR (1-3-5 Avenue de la Libération)

  • Centre Senior (12A Rue Pierre Dupong)

  • Residencë Rue de Drusenheim: Athos, Porthos, Aramis, Julie, Exupery, Sartre, Sagan, Arthagnan

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

Schrëftgréisst: 100 %