26.05. – 31.07.2026 – Chantier Rue des Artisans an Avenue de la Libération
26.05. – 31.07.2026 – Chantier Rue des Artisans an Avenue de la Libération
Vum 26. Mee um 7:00 Auer bis den 31. Juli 2026 um 18:00 Auer sinn duerch de Chantier an der Rue des Artisans an an der Avenue de la Libération Adaptatiounen am Verkéier virgesinn.
Follgend Stroosse si gespaart:
Avenue de la Libération (Deel tëscht der Rue de Hédange an der Jonctioun mat der Rue de Drusenheim).
An de follgende Stroossen ass de Verkéier verbueden:
Rue Basse (Deel tëscht der Avenue de la Libération an der Jonctioun mat der Rue de l’Église)
Rue des Artisans
Rue de Hédange (Deel tëscht der Avenue de la Libération an der Jonctioun mat der Rue Aloyse Kayser)
Rue Aloyse Kayser (Deel tëscht der Rue de Hédange an dem Haus Nr. 7, Rue Aloyse Kayser).
Deviatiounen:
Rond-point Général Patton – Richtung Käl via d’Rue Denis Netgen
Kräizunge Rue du Canal, Rue Michel Rodange, Rue Basse a Rue de Noertzange
Richtung Esch via d’Rue du Canal an d’Rue Denis Netgen
Deviatioune vun de Busser:
TICE & Schoulbusser: Rue de Kayl – Rue du Canal – Rue Denis Netgen – Rue Drusenheim
RGTR: Rond-point Général Patton – Rue du Moulin – Parking ARBED/Lalleng (Avis de perturbation RGTR)
Nightlife Bus: Rue Basse – Rue de l’Eglise – Rue Dicks – Rue de la Paix – Avenue de la Libération – Rue Drusenheim
Deviatioun CFL
Annulatioun a Changementer vum Zuch an den Nuechten vum 01.06 op de 03.06.2026 / 07.06 op den 10.06.2026, den 15.06 op den 17.06.2026 an den 21.06 op den 24.06.2026.
Weider Informatiounen op eiser Facebook Page.
Parkverbuet op follgende Plazen:
Parking CCAMR
3 Parkplaze virum Gebai Nr. 2, Rue des Artisans
Parkplaze virum Gebai Nr. 40-44, Avenue de la Libération
4 Parkplaze vis-à-vis vum Parking vum Garage Binsfeld an der Rue du Canal
3 Parkplazen an der Rue de Hédange op der Säit vun der Kierch
All Parkplazen op der Säit vun de gerueden Hausnummeren an der Rue de l’Église
All Detailer fannt Dir an dësem Verkéiersreglement op Franséisch.
Mir entschëllegen eis fir d’Ëmstänn a soen Iech am Viraus Merci fir Äert Versteesdemech.
