3 Joer „Commune sans Tabac“
3 Joer „Commune sans Tabac“ – E positive Bilan an eng Table Ronde
Den 3. Juni huet d’Fondation Cancer hir Partner zesummebruecht, dorënner d’Gemeng Schëffleng, fir e klenge Bilan ze zéien an un enger Table Ronde am Kader vun der Campagne „Commune sans Tabac“ deelzehuelen.
Et war flott ze gesinn, datt sech ëmmer méi Partner a Gemengen dëser wichteger an engagéierter Campagne uschléissen. D’Initiativ soll virun allem eise Kanner an den zukünftege Generatiounen zegutt kommen. Eng Gesellschaft ouni Damp an ouni Tubak bleift dat grousst Zil. Bis 2040 wëlle mir eng éischt Generatioun ouni Tubak opwuesse gesinn.
Als Gemeng Schëffleng si mir houfreg, als éischt Gemeng am Land Ufank vum Joer mam Sëlwer-Label ausgezeechent ginn ze sinn. Mir wäerten eis och weiderhin asetzen an dru schaffen, fir dëst wichtegt Zil mat z‘ënnerstëtzen an z‘erreechen.
