5. Jun 2026
8.06. – 10.06.2026 – Chantier Rue du Parc
8.06. – 10.06.2026 – Chantier Rue du Parc
Vum 8. Juni um 7:00 Auer bis den 10. Juni 2026 um 17:00 Auer sinn duerch ee Chantier an der Rue du Parc an Adaptatiounen am Verkéier virgesinn. D’Rue du Parc ass tëscht dem Haus Nr. 6 bis d’Gebai Nr. 10 gespaart.
De Verkéier an der Rue du Parc ass dann och tëscht dem Haus N. 2 an dem Haus N. 6, wéi och tëscht dem Gebai N. 10 an dem Gebai N. 12, verbueden. Op de markéierte Plazen ass dann och d’Parke verbueden.
All Detailer fannt Dir an dësem Verkéiersreglement op Franséisch.
Mir entschëllegen eis fir d’Ëmstänn a soen Iech am Viraus Merci fir Äert Versteesdemech.
