22. Mee 2026
Aktioun Päiperlek – Maacht mat!
Kënnt Dir Iech e Summer ouni Päiperleke virstellen? Si si net nëmme schéin a faarweg, mee spillen och eng wichteg Roll bei der Bestëbsung vu ville Blummen a Planzen, dorënner och iessbare Planzen. Leider sinn si ëmmer méi bedrot a musse geschützt ginn.
Aktioun Päiperlek – Maacht mat! ass eng Aarteschutzcampagne vum Sicona an dem Nationalmusée fir Naturgeschicht.
Wéi kënnt Dir dozou bäidroen d’Päiperleken ze katalogiséieren? Et ass ganz einfach:
- Lued Iech d’Applikatioun iNaturalist
- Maacht eng Foto vun de Päiperleken, identifizéiert se mat Hëllef vun dësem Flyer, gitt de Standuert vun der Beobachtung un an deelt et.
All Joer ginn dës Donnéeën analyséiert an déi Resultater gi publizéiert.
