29. Jun 2026
9.07.2026 – Schëfflenger Kulturpräis
Den 9. Juli 2026 um 18:30 Auer fënnt déi éischt Editioun vum „Schëfflenger Kulturpräis“ an der SummerBar op der Place Grande-Duchesse Charlotte statt.
Bei dëser Geleeënheet wëll d’Gemeng Schëffleng hir kulturell Veräiner souwéi all kulturell Acteuren aus der Gemeng fir hiert Engagement an hir Leeschtungen éieren.
Dir sidd häerzlech invitéiert, un dëser Éierung deelzehuelen.
Vum 27. Juni bis de 25. Juli ass d’Parkhaus am Zentrum gratis (Entrée – Rue de l’Église).
