26. Jun 2026

Attention – Faux contrôles énergétiques

Avis un d’Awunner·innen

Aktuell ginn et Persounen, déi bei Awunner·innen doheem schellen an eng Kontroll vun der Energieklass ubidden. Dobäi behaapten si, am Numm vun der Gemeng Schëffleng ze handelen.

Dës Informatioun ass falsch.
Fir Är Sécherheet rode mir Iech, keng friem Persounen an Äert Haus oder Äert Appartement eran ze loossen.

Deen eenzege Porte-à-Porte, deen an de kommende Méint vun eise Gemengenaarbechter duerchgefouert gëtt – déi sech och ëmmer mat engem offiziellen Ausweis identifizéiere kënnen – ass den Austausch vun de Waassercompteure bei der ganzer Schëfflenger Populatioun.

Schrëftgréisst: 100 %