22. Jun 2026
Canicule – Organisation scolaire de cette semaine
Trotz der ugekënnegter Hëtztwell an no Récksprooch mat der Regionaldirektioun 5 gouf decidéiert, déi gewinnten Organisatioun vum Schoulunterrecht bäizebehalen.
Fir dëser aussergewéinlecher Situatioun Rechnung ze droen, kënnen d’Elteren hir Kanner de 24. a 26. Juni ab 12:00 Auer ofhuelen an si fir de Nomëttesunterrecht vu 14:00 bis 16:00 Auer entschëllegen. An dësem Fall biede mir d’Elteren, d’Léierpersoun vum Kand an, a falls zoutreffend, d’Maison Relais am Viraus ze informéieren.
D’Maison Relais souwéi de Schoultransport funktionéiere weiderhin zu den üblechen Zäiten.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech an Är Zesummenaarbecht.
