5. Mee 2026

Chantier rue des Artisans (11.05 – 12.05.2026) – Adaptations de la circulation

Chantier Rue des Artisans – Adaptatiounen am Verkéier

Vum 11. Mee um 7:00 Auer bis den 12. Mee um 20:00 Auer sinn, wéinst dem Chantier an der Rue des Artisans, Adaptatiounen am Verkéier virgesinn.

Follgend Stroossen si gespaart:

  • Rue de l’Église tëscht de Gebaier Nr. 26 an 42
  • Rue des Artisans ass komplett gespaart

An de follgende Stroossen ass de Verkéier verbueden:

  • Rue de l’Église tëscht dem Gebai Nr. 42 an der Kräizung mat der Rue Basse
  • Rue de l’Église tëscht dem Gebai Nr. 26 an der Kräizung mat der Rue du Parc
  • Rue Belair op der Kräizung mat der Rue de l’Église an op der Kräizung mat der Rue C.M. Spoo

Parkverbuet op de follgende Plazen:

  • Rue de l’Église: Gebaier Nr. 34-44, 37, 46, 39-35, 28, 24-26, 25-27
  • Rue Belair virum Gebai Nr. 1

Wichteg:

  • D’Parkhaus ass wärend dem Chantier komplett zou (Agang an Ausgang).
  • All Garagen an de concernéierte Stroossen si wärend dem Chantier net accessibel (Rue des Artisans – Rue de l’Église Nr. 26-42).

All Detailer fannt Dir an dësem Verkéiersreglement op Franséisch.

Mir entschëllegen eis fir d’Ëmstänn a soen Iech am Viraus Merci fir Äert Versteesdemech.

Schrëftgréisst: 100 %