22. Jun 2026

Collectes des déchets avancées à 6:00 heures – Canicule

Wéinst den héijen Temperaturen, déi fir dës Woch ugekënnegt sinn, an zum Schutz vun eise Mataarbechter um Terrain, fänken all Offallkollekte bis Enn vun der Woch ausnamsweis schonn um 6:00 Auer moies un.

Mir bieden Iech dofir, Är Poubellen oder Offallbehälter schonn den Owend virdrun erauszestellen oder spéitstens viru 6:00 Auer moies um Dag vun der Kollekt.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

Schrëftgréisst: 100 %