23. Abr 2026

Cycle 3.2 zu Besuch beim Buergermeeschter

Den 23. Abrëll 2026 huet d’Klass vum Cycle 3.2 vun de Léierinnen Tina Giannessi a Chantal Haas aus der Lydie Schmit Schoul de Buergermeeschter Carlo Feiereisen besicht, fir en Interview mat him ze maachen.

D’Schülerinnen an d’Schüler haten eng Rei Froen ausgeschafft – net nëmmen zu senger Persoun, senger Kandheet a sengen Hobbyen, mee och zu de Grënn, déi hien dozou bruecht hunn, Buergermeeschter ze ginn, an zu de Perspektiven an Entwécklungspläng fir d’Gemeng Schëffleng.

D’Kanner sinn duerno mat villen Äntwerten, engem breede Laachen an engem vill méi klore Bild vun der Roll vum Buergermeeschter erëm zeréck an d’Schoul gaangen.

Schrëftgréisst: 100 %