16. Jun 2026

Eng nei Vëlo-Ofstellplaz mat begréngter Daachfläch

Eng nei Vëlo-Ofstellplaz mat begréngter Daachfläch

Fir d’aktiv Mobilitéit ze fërderen an d’Vëlofueren am Alldag nach méi attraktiv ze maachen, steet elo virum Centre sportif eng nei Vëlo-Ofstellplaz mat enger begréngter Daachfläch zur Verfügung.

Dësen neien Amenagement bitt verschidde Virdeeler:

  • Eng praktesch a sécher Parkméiglechkeet fir Cyclisten
  • En effikasse Schutz géint Reen an aner Wiederaflëss, fir d’Vëloen dréchen ze halen
  • Eng begréngt Daachfläch, déi d’Biodiversitéit ënnerstëtzt, sech harmonesch an d’Ëmwelt afüügt an zu enger nohalteger Gestioun vum Reewaasser bäidréit

De Vëlo ze wielen heescht, op eng ekologesch, ekonomesch a gesond Alternativ ze setzen. Mat dësem neien Amenagement wëlle mir dës Optioun nach méi attraktiv a komfortabel maachen.

Zesumme schafe mir un enger méi nohalteger Mobilitéit an engem agreabele Liewensraum fir all Bierger·innen.

Schrëftgréisst: 100 %