Gemeng Schëffleng ass elo op Hoplr
D’Gemeng Schëffleng ass elo op Hoplr
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Mir freeën eis, Iech hei ze begéinen! Hoplr ass zanter e puer Wochen zu Schëffleng aktiv. Bal 700 Stéit si schonn un dëst Noperschaftsnetz ugeschloss.
Wat méi Leit matmaachen, wat et méi interessant fir Äre Quartier gëtt. Zéckt net, Är Noperen, Frënn·dinnen a Famill, déi och an eiser Gemeng wunnen, op Hoplr opmierksam ze maachen. Dir kënnt si ganz einfach iwwer d’App oder d’Websäit www.hoplr.com selwer invitéieren.
D’Gemeng Schëffleng wäert Hoplr notzen, fir Iech iwwer wichteg Informatiounen zum Verkéier, Versammlungen an Aktivitéiten an der Gemeng um Lafenden ze halen.
Är Privatsphär ass eis wichteg! Mir gesinn Är privat Noriichten net, ausser Dir decidéiert, Är Ufro oder Är Iddie mat der Gemeng ze deelen. D’Netzwierk ass haaptsächlech fir Iech als Awunner·inne geduecht.
Vun elo u kënnt Dir d’Gemeng Schëffleng kontaktéieren, andeems Dir Äre Message deelt.
