18. Jun 2026

Hëtztwell – Déi richteg Moossnamen / Canicule – Les bons gestes

Et gëtt erëm richteg waarm dobaussen. Bei Hëtztwellen ass et wichteg, déi richteg Moossnamen ze huelen:

  • Drénkt reegelméisseg Waasser, och wann Dir keen Duuscht hutt.
  • Maacht d’Fënsteren an d’Rolllueden zou, ier d’Sonn erauskënnt.
  • Vermeit et, an der praller Sonn dobaussen ze sinn.
  • Frot bei eeler Leit oder vulnerabele Persounen no ob et hinne gutt geet.
  • Kuckt, datt Kanner, krank Persounen an Déiere genuch Waasser kréien an an engem kille Raum sinn.
  • Vermeit et, mat Ärem Hond an der praller Sonn spadséieren ze goen, fir seng Patten ze schützen.

Passt op Iech op.

Schrëftgréisst: 100 %