14. Jul 2026

Hobbymoart 2026 – Les inscriptions sont ouvertes

Eisen traditionellen Hobbymoart fënnt dëst Joer den 21. an 22. November 2026 statt. Mir freeën eis op ville kreative Stänn a gudder Stëmmung! D’Diere wäerte samschdes, wéi sonndes vun 12:00 bis 18:00 Auer op sinn.

Wann Dir gäre mat engem eegene Stand wëllt dobäi sinn, kënnt Dir Iech elo iwwer de Formulaire ënnen op der Säit umellen.

Wichteg Informatiounen:

  • De Stand muss déi 2 Deeg besat sinn
  • Prioritéit kréien d’Schëfflenger Awunner·innen
  • Déi reschtlech Plaze ginn duerch eng Auslousung verdeelt
  • Umeldeschluss: 1. Oktober 2026

Mir freeën eis op vill flott Stänn an eng gutt Ambiance!

Schrëftgréisst: 100 %