19. Mee 2026

Nei Waassercompteure fir d’Schëfflenger Stéit

D’Gemeng Schëffleng befënnt sech zanter enger Zäit an enger Iwwergangsphas a Richtung Smart City an ersetzt no an no all Waassercompteuren an de Schëfflenger Stéit.

Mat dëser Moderniséierung gëtt d’Infrastruktur méi effizient, méi sécher an nach méi nohalteg fir all Biergerinnen a Bierger.

Eis Gemengenaarbechter, déi sech entspriechend ausweise kënnen, huelen no an no Kontakt mat de Biergerinnen a Bierger op – per Telefon oder direkt bei hinnen doheem –, fir de Compteur auszetauschen oder e Rendez-vous fir den Austausch auszemaachen.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech an Är Zesummenaarbecht.

Schrëftgréisst: 100 %