10. Jul 2026
Noutreglement fir de Waasserverbrauch – Orange Phas
Noutreglement fir de Waasserverbrauch – Orange Phas
Op Recommandatioun vum Syndicat des Eaux du Sud (SES) huet de Schäfferot en Noutreglement ugeholl, fir de Waasserverbrauch ze reduzéieren an eis Drénkwaasserreserven ze schützen.
Fir déi néideg Drénkwaasserreserven ze erhalen, huet de Schäfferot en Noutreglement ugeholl, dat mat direkter Wierkung a Kraaft trëtt a fir déi ganz Dauer vun der Orange Phas gëllt.
Déi folgend Aktivitéite si verbueden:
- Autoe ze wäschen, ausser a professionelle Waschanlagen;
- Trottoiren, Garagen, Häff a Fassaden ofzewäschen;
- Privatpiscinnen, opblosbar Piscinnen a privat Weiere mat Waasser ze fëllen;
- Waasser a Privatpiscinnen ze erneieren;
- Héichdrockbotzer ze benotzen;
- Sprangbueren a Betrib ze huelen, ausser bei engem zouene Waasserkreeslaf;
- Liewensmëttel a Gedrénks ënner lafendem Waasser ze killen;
- Wisse, Parken, Kierfechter a Sportsterrainen ze bewässeren, ausser bei neien Uplanzungen.
Dës Verbueter gëllen net fir Betriber, déi op eng vun dësen Aktivitéite spezialiséiert sinn.
Verstéiss géint dëst Reglement kënne mat enger Geldstrof vun 25 € bis 250 € bestrooft ginn.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech an Är Matwierkung, fir eis Drénkwaasserversuergung sécherzestellen.
