21. Jul 2026
Noutreglement fir de Waasserverbrauch: D’Phas „Orange“ ass opgehuewen
Wéinst den aktuelle Wiederkonditiounen an dem gläichzäitege Réckgang vum Drénkwaasserverbrauch deele mir Iech mat, datt d’Phas „Orange“ opgehuewe gouf.
Déi domat verbonne Restriktiounen an Uweisunge sinn deemno net méi a Kraaft. Mir bieden Iech awer, och weiderhin verantwortungsvoll a spuersam mat dëser wäertvoller Ressource ëmzegoen.
Mir soen alle Bierger·innen villmools Merci fir hiert Versteesdemech, hir Kooperatioun an dofir, datt si sech an de leschten Deeg un d’Moossname gehalen hunn.
