5. Aug 2026
Opgepasst am Bësch: Méi héije Risiko duerch Dréchent an Hëtzt
Opgepasst am Bësch: Méi héije Risiko duerch Dréchent an Hëtzt
Déi länger Hëtzt- an Drécheperioden, déi duerch de Klimawandel verstäerkt ginn, schwächen eis Bëscher an eis Beem. Nieft der erhéichter Bëschbrandgefor klëmmt och de Risiko, datt Äscht eroffalen oder Beem briechen. Och Beem, déi vu bausse gesond ausgesinn, kënne Schied opweisen, déi net direkt ze erkenne sinn.
D’Naturverwaltung an d’Gemeng Schëffleng bieden d’Biergerinnen an d’Bierger dofir ëm besonnesch Virsiicht bei Spadséiergäng an Aktivitéiten am Bësch.
Follgend Sécherheetsreegele solle respektéiert ginn:
- Fir de Risiko vun engem Feier ze verhënneren, sollt Dir oppe Flame wärend Dréchenteperioden vermeiden;
- Bleift oppassen, wann Dir am Bësch spadséiert oder Aktivitéiten duerchféiert, besonnesch no schwéiere Wieder oder laangen Dréchenteperioden;
- Am Bësch oppe Plazen ewech vun de Beem wielen, wann Dir Aktivitéiten duerchféiere wëllt;
- Bleift op markéierte Weeër a Pisten.
Mir soen Iech villmools Merci fir Är Virsiicht an Äert Versteesdemech.
