23. Abr 2026

Opruff – 1. Schëfflenger Kulturpräis

Am Kader vun der Organisatioun vum éischte Schëfflenger Kulturpräis, deen den 9. Juli 2026 stattfënnt, invitéiert d’Gemeng Schëffleng hir kulturell Veräiner souwéi all kulturell Acteuren aus der Gemeng, fir hir Leeschtungen anzereechen.

Krittären

Follgend Elementer ginn an d’Bewäertung abezunn:

  • National an/oder international ausgezeechent Laureaten

  • Persounen, déi en éischten oder zweete Präis kruten – onofhängeg vun der Disziplin

  • Kënschtlerinnen, Kënschtler a kulturell Acteuren, déi sech op lokalem, nationalem oder internationalem Niveau duerch d’Qualitéit, d’Originalitéit an déifgräifend Konscht vun hirer Aarbecht auszeechnen

  • D’Laureaten oder kulturell Acteuren, déi geéiert ginn, mussen eng Verbindung mat der Gemeng Schëffleng hunn, z. B.:

    • Wunnsëtz an der Gemeng

    • Schafung oder Ausstellung vun engem Wierk zu Schëffleng

    • Aner bedeitend Bezéiung zum lokale Kultur­liewen

Zäitraum

  • Vum 1. Mee 2024 bis den 30. Abrëll 2026

Umeldung

D’Umeldungen si bis de 17. Mee 2026 inclus op.

Schrëftgréisst: 100 %