Schëffleng bléit op
An de leschte Méint huet d’Gemeng d’Plantatiounen am ganze Gemengegebitt erneiert an opgefrëscht. D’Beeter goufen dobäi gréisstendeels mat eenheemesche Planzen ugeluecht, fir d’Biodiversitéit ze fërderen an d’Liewensraim vun Insekten nohalteg ze verbesseren. Op verschiddene Plaze goufen zousätzlech Holz-Borduren installéiert, fir d’Vegetatioun besser ze schützen.
Mir bieden Iech net op d’Beeter ze trëppelen, keng Hënn doranner lafen ze loossen an näischt dorop ze placéieren, wéi zum Beispill Valorlux-Tuten oder aner Géigestänn.
D’Planzen an d’Blumme droen net nëmmen zu engem flotte Gemengebild bäi, mee si sinn och e wäertvolle Bestanddeel fir den Erhalt vun eiser Biodiversitéit.
E grousse Merci fir Äert Versteesdemech an Är Kollaboratioun. E besonnesche Merci geet un d’Ekippe vum Gemengenatelier, déi mat vill Engagement a bei all Wieder eng flott Aarbecht leeschten.
