15. Jul 2026
Summer Kiermes
Vum 10. bis den 12. Juli 2026 huet d’Parkplaz vum Hall Polyvalent sech an eng lieweg Festplaz verwandelt, wou jonk a manner jonk sech gläichermoossen ameséiert hunn.
Mat verschidde Stänn wéi Intefëschen, engem Karussell, e Sprangschlass, en Trampolin an engem Schéissstand war d’Freed grouss. Och kulinaresch war fir jiddereen eppes dobäi: Séisses a lecker Platen aus dem Foodtruck.
