2. Jun 2026
Vakanzaktivitéiten 2026 | Versammlung: Informatiounen & Aschreiwung
Versammlung: Informatiounen & Aschreiwung
Du bass tëscht 12 a 17 Joer al a wëlls un de Vakanzaktivitéiten deelhuelen? Da komm den 12. Juni um 19:00 Auer zesumme mat dengen Elteren an d’Salle Grand-Duc Jean vun der Gemeng Schëffleng op dës obligatoresch Versammlung. Hei ginn et Infoen iwwert den Oflaf vun de jeeweilegen Aktivitéiten a Projeten an der Summervakanz.
No der Versammlung kanns du dech och direkt fir d’Aktivitéiten (limitéiert Plazen) aschreiwen. D’Aktivitéite mussen och direkt bei der Aschreiwung (CASH) bezuelt ginn.
D’Aktivitéite bei deenen no der Versammlung nach Plaze fräi si ginn iwwert eis Sozial Medie verëffentlecht.
