Hobbymoart 2026 - Les inscriptions sont ouvertes
Eisen traditionellen Hobbymoart fënnt dëst Joer den 21. an 22. November 2026 statt. Mir freeën eis op ville kreative Stänn a gudder Stëmmung! D’Diere wäerte samschdes, wéi sonndes vun 12:00 bis 18:00 Auer op sinn.
Wann Dir gäre mat engem eegene Stand wëllt dobäi sinn, kënnt Dir Iech elo iwwer de Formulaire ënnen op der Säit umellen.
Wichteg Informatiounen:
De Stand muss déi 2 Deeg besat sinn
Prioritéit kréien d’Schëfflenger Awunner·innen
Déi reschtlech Plaze ginn duerch eng Auslousung verdeelt
Umeldeschluss: 1. Oktober 2026
Mir freeën eis op vill flott Stänn an eng gutt Ambiance!

21. Nov 2026 - 22. Nov 2026