Open Air Kino 2026

Mir si frou Iech matzedeelen dat och dëst Joer nees den „Open Air Kino“ am August um Fussballsterrain 1 zu Schëffleng stattfanne wäert.

Genéisst zwee Owender mat witzegen a spannende Filmer dobaussen a summerlecher Atmosphär an ënnert Stärenhimmel.

Dëst ass déi perfekt Geleeënheet fir e gemittlechen Owend mat der Famill oder Frënn ze verbréngen.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

28. Aug 2026 - 29. Aug 2026
Deelen
Schrëftgréisst: 100 %