Club Haus beim Kiosk

Am Club gëtt ganz aktiv Gebeess gekacht a fir e gudden Zweck verkaf. Vill verschidden Zorten, jee no Saison, ginn ugebueden. De Moment hu mir Mango, Orange, Molbier, Hammbier, Kiischten, Ananas, Mandarine, Pijen, Äerdbier, Aprikosen a Mirabelle-Gebeess. Mir verkafen och Hunneg zu 6€ d’Glas. Zum Schluss vum Joer spent de Club d’Suen, déi duerch de Verkaf vum Gebeess erakomm sinn, enger lëtzebuergescher Associatioun.
Kleeder fir d’Stëmm vun der Strooss (d‘Kleeder gi reegelméisseg bei eis ofgeholl).
Rufft eis am Viraus un ier Där laanscht kommt um Tel: (+352) 26 54 04 92.
An der Bibliothéik vum Club Haus beim Kiosk fannt Dir keng:
– Fachliteratur
– Kanner- a Jugendbicher
– Portugisesch oder spuenesch Bicher
Mee an däitscher, franséischer, lëtzebuergescher an englescher Sprooch fannt Dir hei iwwer 4.500 Bicher vu vill verschiddene Genren: Romaner, Krimien, Biografien, geschichtlech Romaner… An dëst vu méi a manner bekannten Auteuren.
D’Club-Bibliothéik ass fir jiddereen zougänglech.

Eis Bibliothéik gëtt geréiert vun 2 ganz engagéierte Benevollen, déi Iech all Dënschdeg tëscht 14:30 a 16:30 Auer kënne beroden. Reegelméisseg ass an der Kaffisstuff vum Club och e Bichermaart: zu engem enorm interessante Präis kënnt Dir hei gutt erhale Bicher kafen. Virum Club steet e Bicherschaf: hei kënnt Dir Iech gratis e Buch ausléinen. Entweder bréngt Dir dat Buch nom Liesen zeréck oder stellt en anert, gutt erhalent Buch a Plaz.