Garde d’enfants
BABYSITTER
D’Gemeng Schëffleng ass Partner vun der eenzeger akkreditéierter Babysitting-Plattform am Land: Babysitting.lu. Hei fannt Dir duerch eng onkomplizéiert an einfach Sich qualifizéiert Babysitter·innen aus Ärer Géigend. De Site ass fir jidderee gratis a bitt Iech nieft der Sichfunktioun och eng ganz Rei nëtzlech Informatiounen an Tools, déi Iech um Wee zu enger flotter Zesummenaarbecht mat der richteger Betreiungspersoun wäerten nëtzlech sinn.
CRÈCHEN AN DAGESELTEREN
Am Kader vun der Initiativ Staark Kanner fannt Dir op hirem Site (direkte Link) déi komplett Lëscht vun den agreéierten (konventionéierten a privaten) Betreiungsstrukturen esou ewéi den Dageselteren aus dem Land. Dës Lëschte gi vum Educatiounsministère geréiert a reegelméisseg aktualiséiert.
MAISON RELAIS
Um Site vun der Maison Relais Schëffleng fannt Dir all déi wichteg Informatiounen zu de Prozeduren, den Horairen an dem Alldag an dëser ausserschoulescher Betreiungsstruktur.
Contact
Service des citoyens et de la communication
Tél. : + 352 54 50 61 – 314
E-mail : scc@schifflange.lu