
Service fir Bierger·innen a Kommunikatioun (SCC)
De Service fir Bierger·innen a Kommunikatioun ass den zentrale Punkt, deen eng transparent Verbreedung vun Informatiounen iwwert d’Gemeng an hiert politescht Liewen assuréiert. Den SCC setzt sech dofir an, d’Awunner·innen duerch geziilte Kommunikatiounsinitiativen ze informéieren an organiséiert gläichzäiteg Evenementer an Aktivitéiten, déi d’Diversitéit vun eiser Gemeinschaft feieren.
KONTAKT
scc@schifflange.lu
Tel. : 54 50 61-314
ADRESS
6, Avenue de la Libération
L-3850 Schifflange
2e étage
Courrier :
B.P. 11, L-3801 Schifflange
ËFFNUNGSZÄITEN
8:00 – 12:00 a 14:00 – 17:00
EIS SERVICER
Redaktioun vun de Publikatiounen (Newsmag, Pressedossieren, asw.)
Gestioun vun der Websäit (www.schifflange.lu) an de soziale Medien (Facebook: Gemeng Schëffleng & Instagram: gemengscheffleng)
Gestioun vun der Schëfflenger CityApp
Organisatioun vun Evenementer
Relatioune mat de lokale Veräiner
Relatioune mat de consultative Kommissiounen
Relatioune mam Schëfflenger Jugendhaus






