
Carlo Feiereisen
Buergermeeschter
LSAP
De Gemengerot setzt sech aus Vertrieder zesummen, déi vun der Bevëlkerung no engem proportionale Walsystem gewielt ginn, a stellt d’gesetzgebend Muecht op kommunalem Niveau duer. D’Zuel vun de Memberen hänkt vun der Awunnerzuel of a läit aktuell bei 15.
De Gemengerot kënnt ënnert der Presidence vum Buergermeeschter an an der Präsenz vum Gemengesekretär zesummen, ëmmer dann, wann d’Dossieren an hirem Ressort et erfuerderen, an op mannst eemol all dräi Méint. D’Seancë vum Gemengerot si ëffentlech, ausser et gëtt anescht decidéiert, a fannen am Seancësall vum Schëfflenger Gemengenhaus statt.
D’Attributioune vum Gemengerot si villfälteg:
hie reegelt alles, wat am kommunalen Interessi läit, z. B. de Vote vum Budget a vun de Konten, d’Festleeë vun Tariffer a Redevancen, souwéi d’Approbatioun vu Bau- an Urbanismusprojeten
hie stellt d’Gemengereglementer op
hien nennt, revoquéiert an hëlt d’Demissioune vun de Fonctionnairen an Employéë vun der Gemeng un, ënner der Approbatioun vum Inneminister
hien nennt d’Membere vun de consultative Kommissiounen a vum Office Social
hie kann d’Wieler per Referendum zu kommunalen Theeme consultéieren, ënner de Konditiounen, déi hie festleet
All Korrespondenz soll op déi follgend Adress geschéckt ginn:
Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng
B.P. 11, L‑3801 Schifflange
secretariat@schifflange.lu
Fir weider Informatiounen, kontaktéiert w.e.g. de
Gemengesekretariat:
Telefon: 54 50 61 – 308

CSV