Klima Pakt
D’Gemeng Schëffleng huet sech 2021 deem neie Klimapakt 2.0 ugeschloss an engagéiert sech dofir bis 2030 eng nohalteg a ressourceneffizient Klima- an Energiepolitik ze maachen.
Déi 3 Haaptziler vum „Plan National Intégré Énergie et Climat du Luxembourg “ stellen de Gemenge bis 2030 follgend Ufuerderungen op:
Reduktioun vun den Treibhausgasemissiounen ëm 55% par Rapport zu 2005
Undeel un erneierbar Energië vu bal 25% vum Endenergieverbrauch
Erhéijung vun der Energieeffizienz (40-44%)
Wéi beim éischte Klimapakt gëtt de Gemengenengagement duerch d’Ëmsetzung vun engem Katalog vu Moossnamen op Basis vum europäeschen Energiepräis (EEA) bewäert.
Et gi 64 individuell Moossnamen, déi an dësem Qualitéitsmanagementsystem adresséiert ginn, an déi sinn a 6 Haaptberäicher opgedeelt:
Entwécklungs- a Landesplanung
Gemengegebaier
Versuergung an Entsuergung
Mobilitéit
Intern Organisatioun
Kommunikatioun / Zesummenaarbecht
D’Gemeng Schëffleng ass immens houfreg op hire GOLD-Status beim European Energy Award, deen den 1. Oktober 2019 fir d’éischte Kéier kritt huet. No hirer leschter Evaluatioun den 13. Oktober 2021 am Kader vum neie Klimapakt (Klimapakt 2.0) huet d’Gemeng vu Schëffleng säi GOLD-Status behalen.
Weider Informatioune fannt Dir um Site vum Klima Pakt.

D'Gemeng Schëffleng krut 2019 hire Gold-Statut beim European Energy Award bestätegt.


Nei Reglement « Subventiounen »
D’Gemeng Schëffleng subventionéiert elo och d’Energieberodung an de Kaf vun engem Vëlo, enger Trotinett oder Elektrotritinett. Subventiounen kënnen och vu Bierger.innen ugefrot ginn, déi d’Konditioune vum Office social erfëllen oder vum Revis profitéieren.