
Carlo Feiereisen
Buergermeeschter
LSAP
De Buergermeeschter presidéiert de Gemengerot souwéi de Schäfferot.
Hien ënnerschreift d’Reglementer an Arrêten, d’Publikatiounen, d’Akten an d’Korrespondenz vun der Gemeng, kann Ënnerschrëfte legaliséieren a fëllt d’Funktioune vum Standesbeamten aus.
Gläichzäiteg ass hien deen Eenzegen, deen dozou berechtegt ass, Exekutiounsmoossnamen am Beräich vun der Police ze huelen. An dëser Funktioun stellt hien zum Beispill Baugeneemegungen aus an ordonéiert d'Zoumaache vu Chantieren, wann eng Baut net der Autorisatioun entsprécht. Hien ass zoustänneg fir d’Rou, d'Sécherheet an d'Ëffentlech Gesondheet.
D’Ressorte vum Buergermeeschter
Nieft senge Verantwortung als Buergermeeschter ass hie fir déi follgend Beräicher zoustänneg:
Gemengeverkéier a Stroossen
Lokal Sécherheet
Sport, Fräizäit a Jugend
Hien ass och d’Uspriechpersoun fir de Service vun den neie Bauaarbechten an Infrastrukturen, de Gemengenatelier , de Bierger‑ a Kommunikatiounsservice souwéi fir d’Klima Ekipp.


