Écrivain public
D’Gemeng Schëffleng huet e gratis Service ageriicht, deen all Bierger a Biergerin eng Ënnerstëtzung beim Verständnis a Schreiwe vun Texter bitt an dëst op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch. Et handelt sech ëm den “Ecrivain public”.
Firwat ass en écrivain public néideg?
Hutt Dir Schwieregkeeten Iech schrëftlech auszedrécken oder Angscht Schreiffeeler ze maachen? Ass et heiansdo schwéier fir Iech administrativ Dokumenter ze verstoen?
Den écrivain public hëlleft Iech beim Erstellen vu CVen, Noriff, Jobapplikatiounen a villem méi. Dëse Service ënnerstëtzt Iech, net nëmme beim Ausfëlle vun Ären offiziellen/administrativen Dokumenter, mee ass och geduecht fir déi Persounen, déi keng Computer-Kenntnisser hunn oder net déi néideg finanziell Moyene besëtzen e Computer ze kafen oder eng Internetverbindung doheem z’installéiere fir Dokumenter ze consultéieren oder ze schreiwen.
Kontakt:
Tel.: 8002-3003
E-mail: ecrivain.public@schifflange.lu