Chancëgläichheet

15. Mee 2009: Schëffleng ënnerschreift d’Europäesch Charte fir d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer am lokale Liewen
GRONDSÄTZLECH PRINZIPPIEN
• D’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ass e fundamentaalt Recht
• Fir Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer z’erreechen, muss een och all aner Forme vun Diskriminéierung bekämpfen (Behënnerungen, sexuell Orientéierung, ethesch Hierkonft, Relioun…)
• Eng equilibréiert Representatioun vu Fraen a Männer am Entscheedungsprozess ass néideg an all demokratesch Gesellschaft
• All Stereotyppen, Attituden a Virurteeler tëscht Fraen a Männer mussen eliminéiert ginn, fir Gläichberechtegung erreechen ze kënnen
• All Aktivitéite vun den territoriale Kollektivitéite mussen d’Perspektiv vu Fraen a Männer berücksichtegen
BEISPILLER VUN AKTIVITÉITEN
• Lët’z say no
• Dës Schëfflenger Frae muss ee kennen
• 100. Anniversaire vum Walrecht zu Lëtzebuerg
• Sk8ing Girls 2018, 2019, 2020, 2021, 2022, 2023 an 2024
GEMENG SCHËFFLENG
Service fir Bierger a Kommunikatioun (SCC)
Chancëgläichheetskommissioun