Gemengeservicer
Agent Municipallen
D'Agent Municipallen iwwerwaachen d’Parke vun de Gefierer, setzen de Police Reglement vun der Gemeng Schëffleng ëm, kontrolléieren d’Bëscher an d’ëffentlech Grillplazen an iwwerwaachen d’Terrasse vu Caféen a Restauranten.
Finanzservice
De Finanzservice huet als Haaptmissioun d’finanziell Gestioun vun der Gemengenadministratioun. Hien ënnerstëtzt de Schäfferot bei sengen deeglechen Aufgaben am Beräich vun de Gemengefinanzen.
Gemengenatelier
De Gemengenatelier ëmfaasst méi wéi 70 Mataarbechter·innen, déi an zéng spezialiséierten Ekippen organiséiert sinn an esou d’Aarbechten an den ëffentlechen Infrastrukturen assuréieren.
Gemengsekretariat
De Gemengesekretariat geréiert d'administrativ Dossieren am Alldag a stellt d’Verbindung tëscht dem Schäfferot an de Bierger·innen duer.
Guichet unique
Wann Dir an eis Gemeng wunne kommt oder Är Adress bannent der Gemeng ännert, musst Dir Är Donnéeën esou séier wéi méiglech aktualiséieren.
Schoulservice
De Schoulservice ass fir d’Organisatioun vum Precoce, vum Préscolaire, vum Fondamental, vun den ausserschouleschen Aktivitéiten esouwéi och vum Pedibus zoustänneg.
Schwämm & Sauna
D’Schwämm, déi 2020 komplett renovéiert gouf, bitt en aussergewéinleche Kader fir all déi, déi gäre schwammen. Ee Baseng vu 25x12,5m, ee klenge Bëbeebaseng, souwéi e Wellnessberäich mat finnescher Sauna, Hamam, Salisarium, a Solarium stinn hei zur Verfügung. Am Summer kënnen dann och nach d'Wiss an e Beach Volly Terrain benotzt ginn. D’Schoulen notzen d’Schwämm och.
Service fir Bierger·innen a Kommunikatioun (SCC)
De Service fir Bierger·innen a Kommunikatioun ass den zentrale Punkt, deen eng transparent Verbreedung vun Informatiounen iwwert d’Gemeng an hiert politescht Liewen assuréiert. Den SCC setzt sech dofir an, d’Awunner·innen duerch geziilte Kommunikatiounsinitiativen ze informéieren an organiséiert gläichzäiteg Evenementer an Aktivitéiten, déi d’Diversitéit vun eiser Gemeinschaft feieren.
Service fir kommunal Archiven, Informatiounstechnologien an Digitaliséierung (SACTID)
De Service fir kommunal Archiven, Informatiounstechnologien an Digitaliséierung gouf am Juni 2025 gegrënnt an ass aus der Fusioun tëscht dem Service vun de kommunalen Archiven an dem Informatiksservice entstanen, deen historesch dem Technesche Service ugeschloss war.
Service fir Nei Aarbechten an Infrastrukturen
De Service fir Nei Aarbechten an Infrastrukturen ass fir d’Gebaier an d’Infrastrukture vun der Gemeng zoustänneg. Dëse Service geréiert d’ëffentlech Stroossen, de Verkéier, an déi domat verbonnenen Domainer: Signalisatioun, Stroossegeneemegungen, Reservatioun vun ëffentleche Plazen…
Service fir Urbanismus an Nohalteg Entwécklung (SUDD)
Den ekologesche Service, deen 1997 gegrënnt gouf, huet sech stänneg weiderentwéckelt an nei Aufgaben iwwerholl. Zënter 2015 gouf en duerch de Service fir Urbanismus an Nohalteg Entwécklung (SUDD) ersat.
Service Logement
De Service Logement setzt sech fir eng solidaresch an inklusiv Gemeinschaft an, andeems energieeffizient a bezuelbar Wunnenge fir jidderee geschaf ginn. D’Ekipp geréiert d’Demande fir Wunnengen, assuréiert den technesche Suivi a reagéiert op Noutfäll.
Service Recette
De Service Recette huet als Haaptaufgab de Suivi an d'Gestioun vun de Gemengekonten . Sie këmmeren sech em d'Akasséiere vu Clientsrechnungen an d'Bezuele vun alle gemengen Ausgaben.
Service vun de Ressources humaines
De Service vun de Ressources humaines ass zoustänneg fir d'Gestioun, d'Ënnerstëtzung an d'Entwécklung vum Gemengepersonal.
Sportservice
De Sportservice huet d’Zil, kierperlech Aktivitéit am Alldag vun alle Bierger·innen z'integréieren, andeems en d’Accessibilitéit, d’Diversitéit an d’Participatioun fërdert. Mat engem dediéierte Koordinator schaaft de Service Verbindungen tëscht de lokalen Acteuren, fir zesummen e kommunale Sportsplang ze entwéckelen, deen sech un de reelle Besoine vun der Gemeng Schëffleng orientéiert.