12. Mee 2026
13.05 – 16.05 | Street Food Festival & ESC Public Viewing
Vum 13. bis de 16. Mee ass op der Metzeschmelz eng méi lass: de Folklorama organiséiert hire 7. Internationale Street Food Festival souwéi de Public Viewing vum Eurovision Song Contest zu Wien. De ganze Programm fannt Dir ënnen op der Säit.
Adaptatiounen am Verkéier
Vum 14. Mee ab 9:00 Auer bis de 17. Mee um 7:00 Auer sinn Adaptatiounen am Verkéier an der Lallengerstrooss virgesinn:
Ophiewe vum Parkverbuet op der rietser Säit a Richtung Avenue de la Résistance
Accès verbueden a Richtung Avenue de la Résistance. Sens unique a Richtung Rue du Moulin / CR170
Den Detail fannt Dir an dësem Verkéiersreglement op Franséisch.
